Datasets:
audio audioduration (s) 60 60 | transcription stringlengths 0 1.87k |
|---|---|
aner Pandemie.
Salopp gesot.
Mir hunn an der Tëschenzäit och antiviral Substanze fir Fäll, schwéier Fäll, ze behandelen.
Mir hunn aner Vaccinen.
Mir wëssen och vill besser wéi d'"effectivité vaccinale" ass.
Do hu mer ganz vill besser Daten an der Tëschenzäit an d'Immunitéit vun der Bevëlkerung huet sech jo och doduerc... | |
Ech mengen dat ass e ganz wichtege Message: géint Omicron brauch een op mannst 3 Dosen.
Am lénken Deel vun der Dia, do hutt der den Omicron net, well net genuch Omicron-Fäll an der Intensivstatioun waren. Dee Virus ass manner virulent.
Déi selwecht Dia mat den "Hospitalisations totales", mat de "Soins normaux", do hate... | |
Ech mengen dat ass e ganz wichtege Message: géint Omicron brauch een op mannst 3 Dosen.
Am lénken Deel vun der Dia, do hutt der den Omicron net, well net genuch Omicron-Fäll an der Intensivstatioun waren. Dee Virus ass manner virulent.
Déi selwecht Dia mat den "Hospitalisations totales", mat de "Soins normaux", do hate... | |
der "Forme sévère" vun den Hospitalisatiounen a vun de Stierffäll betrëfft.
Déi nächst Dia ass elo d'"Effectivité vaccinale" géint d'Transmissiounen.
Dat betrëfft dann elo éischter d'"Obligation vaccinale" vun de Soignanten a vun den Leit déi am Secteur Santé schaffen.
Well do geet et eis jo net nëmmen dorëm, dass déi ... | |
dofir och manner un.
Wann een déi 2 da kombinéiert ... Ech hunn hei en Tableau vun enger Meta-Analys vun der Weltliteratur gemaach.
Wann der bei Alpha kuckt: 2 Dosisse ginn duer fir d'Effikassitéit vun der Transmissioun ëm 94% erof ze setzen. Wat natierlech extrem gutt ass.
Bon, mam "Échappement immunitaire" ass deen a... | |
vaccinale" géint d'Transmissioun nëmme bei ongeféier 35% ...
Bei geboosterte Leit geet se temporairement zwar iwwer 50% an dat war amfong geholl e bësselchen de Minimum, dee mir eis gesat hate fir eng "Obligation vaccinale" beim Fleegepersonal, dass e géing iwwer 50% Transmissioun kënnen erofsetzen, Dat erreecht een ku... | |
Säit.
Ech ginn Iech elo e puer Informatioune fir d'Éischt e Mol zu de Varianten an da kucke mer eis un, wéi eenzel Zenarien ebe kéinten ausgesi fir den Hierscht a Wanter.
Et ass elo scho virdru gesot ginn, mir sinn an enger Situatioun, wou de Virus natierlech evoluéiert an sech adaptéiert. Dat féiert dozou, datt een eb... | |
mir ware bis Enn lescht Joer an der Well Delta. Dat ass och déi Informatioun, déi agefloss ass an den éischten Avis haaptsächlech a säit Enn leschtem Joer si mer eben elo mat Omicron konfrontéiert.
Woubäi een natierlech och muss soen, datt Omicron elo schonn eng ganz Rei vu Sous-Varianten opgewisen huet, woubäi B.A. 5 ... | |
Risk ugeet fir ebe wann een infizéiert ass, fir an de "Soins intensifs" villäicht misse soignéiert ze ginn.
A wat een do ganz kloer gesäit, ass datt säit der Impfcampagne - Dir wësst, datt déi d'lescht Joer am Ufank vum Joer richteg lassgaangen ass - do gesitt der datt d'Impfung ganz kloer och iwwer d'Period Delta een ... | |
méi manifestéiert Tendenz huet, datt et erof geet. Dat heescht am Kontext Omicron ass et d'Kombinatioun vun der Vaccinatioun, sou wéi dann och der manner héijer Virulenz vun deem Variant.
Dat ass eben elo wichteg sech virun Aen ze halen, d'Proprietéite vun de Varianten am Bezuch eben och op d'Impfung, well mer jo wëlle... | |
erlaabt, ass fir eng ganz Rei vun Zenarien duerchzespillen. An am Kontext elo vun der Impfflicht, hu mer spezifesch et ugekuckt, am Bezuch eben op de Modell, well mer eben 2 "Groupes à risque" hunn. Eng "à haut risque" an eng "à faible risque" ebe fir manner oder méi krank ze ginn.
An do ass et eben sou, datt de Risk f... | |
unzekucken.
De Grupp vun den Experte kennt Dir schonn. Dat ass dee selwechten, wéi déi leschte Kéier gewiescht.
Ech wëll och elo net d'Recommandatiounen am Detail widderhuelen, wat mir deemools gesot hunn.
Mir hate gesot eng "vaccination obligatoire" fir déi Persounen iwwer 50 a mir hate gesot eng "vaccination obligato... | |
Effectivité vaccinale" an dat ass dann och mat dran.
An dann hu mer ebe verschidden am Modell erëm parametréiert, wat elo d'Transmissibilitéit oder d'Virulenz vu spezifeschen, hypotheteschen Varianten ugeet an da gekuckt, wat jeeweils dann een Impakt vun enger Impfflicht wier.
De leschte Punkt ass eben och do wat mer e... | |
Hei ass elo fir d'Éischt en Zenario Typ Omicorn. Do hu mer dann eng héich Transmissibilitéit, d.h. eng héich Iwwerdrobarkeet, awer eng manner héich Virulenz.
D.h. et gëtt ee manner krank dovun. Mir hunn do och net méi déi héich "Effectivité vaccinale", wéi mer se virdrun haten an hei an deem Zenario gi mer aus vun datt... | |
wier wéi Delta.
Do hu mer dann eng moderat Transmissibilitéit awer eng héich Virulenz. D.h. et gëtt een dovunner méi krank, wéi z.B. vis-à-vis vun Omicron.
An hei ass de Vaccin dann awer nach ëmmer effektiv.
Dat ass och elo hisiichtlech z.B. engem Rappell zousätzlech ebe vun adaptéierten Impfstoffer. Dir wësst, datt dé... | |
d'Impfflicht 50+, do hätt een dann eng Reduzéierung an de "Soins intensifs" vu 97%, wat natierlech schonn e relativ groussen Impakt ass.
Ech wëll awer nach eng Kéier hei och drop hiweisen, datt ass eben eng Modelléierung, et ass esou, datt warscheinlech d'Wierklechkeet sech iergendwéi bannent deenen 2 Extremer elo wäer... | |
opdeelt an 2 Kategorië souzesoen, wou et eben e groussen Impakt eben am Kontext vun engem Rappell.
Engem Rappell, d.h. wann een eben eng Impfflicht och dann un eng zousätzlech 4. Dosis géif koppelen an Dir wësst och do, datt dat natierlech Eppes ass, wat de Moment vill diskutéiert gëtt.
An an der nächster Folie gesitt ... | |
elo an hirem leschten Avis ganz kloer den Avantage vun enger 4. Dosis eben ervir... gehuewen ebe bei Persoune 60+, also dat wier jo dann och deckungsgläich, méi oder manner, mat der initialer Propos vun eis, also 50+.
Dann ebe beim Personal, wat am Gesondheetssecteur schafft, a bei de Persounen, déi immunodepriméiert s... | |
Kéier fir ze widderhuelen: wourëm geet et? Et geet wierklech dorëms fir déi Fäll, déi potentiell op der Intensivstatioun géinge landen, fir déi ze verhënneren.
Wien ass dat? Dat si virun allem Persounen iwwer 50 Joer.
Wéi kënne mer dat maachen? An do hu mer wierklech nëmmen eng Méiglechkeet. Dat ass d'Impfung.
Dat ass ... | |
A wann een dat vergläicht mat 3 Dosissen, vergläicht mat 0 Dosissen, also ouni, keng Impfung, da stellt e fest, dass 19,5 Mol méi Leit op d'Intensivstatioun kommen, déi net geimpft sinn, wéi déi, déi geimpft sinn.
An da kann een och nach dobäi soen an dat ass jo och e bëssen eng grouss Angscht, déi besteet, wéi vill Lo... | |
Well am Hierscht?
Wéini géing se kommen?
Wat fir eng Envergure huet se?
A virun allem: wat fir eng Variante wäerten zu där Well féieren?
Mir wëssen awer, aus der Vergaangenheet, aus de Joren 2020, 21, dass am Hierscht ëmmer eng Well komm ass.
Déi ass bedéngt duerch d'Rentréeë vun de Klassen, d'Leit kommen aus der Vakan... | |
Anescht ass et ebe bei deem aneren Zenario, bei der Optioun 2.
Do kënnt der, wann eng schlëmm, eng ongënschteg Variant do ass, kënnt der mat enger Impfung, wou kuerz virun der Well nach e Rappell ass, kënnt der wierklech e ganz groussen Effekt hunn.
Dorausser kann ee schléissen, wann ech dat elo alles hei op deem Table... | |
kucken, wat sinn déi méiglech Objektiver: et geet net dorëm fir deen Eenzelen ze schützen. Dee muss ëmmer méi Eege-Responsabilitéit iwwerhuelen.
Et geet och net dorëms, aus onser Siicht, fir d'Inzidenzen zwangsleefeg ze reduzéieren oder fir allgemeng ze soen "Mir mussen d'Pandemie zum Enn bréngen" oder "de Virus elimin... | |
dat ze kucken. Déi ass da komplett ... Also dat wat ech elo gewisen hunn, dat hänkt jo staark vun de Modelisatiounen of, a wann een dat elo onofhängeg vun e Modelisatioune kuckt an et berifft een sech op dat wat mer bis elo beobacht hunn bei de Geimpften an Ongeimpften, da kann een ausrechnen, dass bei enger Delta-Well... | |
An op der Basis vun 3 Impfdosissen. Jo.
Nach eng Kéier zeréck wgl.
Sou. Wa mer elo eng Omicron-like Variant hunn, hätte mer eng Reduktioun vun 139 op de "Soins normaux", 15 op de "Soins intensifs" an 23 "Décès", déi géinge verhënnert ginn. Elo wonnert Dir Iech villäicht e bëssen, dass beim Delta a beim Omicron déi Zuel... | |
Ech wëll hei nach eng Kéier fir déi Zuelen a Relatioun ze setzen och nach eng Kéier rappelléieren, dass de "Niveau critique" an de Spideeler, dat sinn 38 ... Also wann et méi wéi 38 Fäll gëtt, déi op der Intensivfleeg behandelt musse ginn, oder méi wéi 138 op den "Soins normaux", dann trëtt den "Niveau critique" an, de... | |
Also do hu mer wierklech festgestallt, dass d'"Couverture vaccinale" exzessiv niddereg ass an deem "Secteur de soins" an dat mécht ons wierklech Kappzerbrieches.
Dir hutt gesinn, dass an de CIPA oder och ausserhalb vun de CIPAen kann d'"Couverture vaccinale" ëm 30% zum Deel nëmme sinn an och wa mer wëssen, dass déi Zue... | |
Dofir hu mer ons villäicht och e bësse mat schwéierem Häerz gesot, dass mer net recommandéieren eng "Vaccination obligatoire" ze maachen, ebe well den Impakt op d'Infektiositéit an d'Transmissibilitéit besonnesch no am Intervall eben ënner 50% läit.
Trotzdeem mengen ech hu mer hei ganz staark ... Ech mengen ech wëll he... | |
Situation épidémiologique" ...
Ech schwätzen elo also vun dem Secteur "Soins et Santé".
Dann si mer der Meenung, dass een d'Responsabilitéit vun deenen Leit, déi professionell an deem Secteur schaffen, duerch en "Entretien d'Information", dee wierklech dokumentéiert an och ënnerschriwwen ass, fir dass kloer ass, dass ... | |
wann et géing eng Obligatioun gi fir säin Impfstatus offen ze leen.
Ech mengen dat ass néideg fir dass Déngschtpläng kënnen organiséiert ginn.
Dat kënnt Dir Iech gutt virstellen.
Wann ee weess, ech mengen dat ass amfong dat alleréischt, wann een net weess, mat wiem een ze dinn huet, wat fir een Impfstatus deen huet, da... | |
den verschiddenen Texter, déi Personalvertriedungen vun deene Secteuren hunn.
Hei ass net nëmme Covid-19 gemengt. Mir mengen den Impfstatus bei iwwerdrobare Krankheeten ze kennen fir e Spidol, fir en Altersheem, e Fleegeheem, ... Bei allen Infektiounskrankheeten, déi iwwerdroe gi vu Mënsch zu Mënsch a problematesch sin... | |
Deen "eigentlech" ass ganz wichteg. Ech mengen an enger idealer Situatioun sinn all Risikopatiente geimpft well hiren Dokter dofir gesuergt huet.
D'Realitéit ass natierlech datt bei den iwwer 50-järegen 30.000 iwwerhaapt net geimpft sinn.
An 20.000 net 3x Mol geimpft sinn.
An Dir kënnt Iech jo virstellen, dass bei deen... | |
D.h. dat muss een och mat sengem Dokter besprieche wéi een déi géing huelen.
Da gëtt et "Anticorps monoclonaux", also monoklonal Antikierper, déi een als Infusioun géing kréien am Spidol.
An allen 2, also souwuel déi oral wéi och déi z'infuséirend Medikamenter, déi musse ganz fréi applizéiert gi fir dass se wierksam si... | |
kucken, ...
Elo gi mer déi verschidde Facteuren duerch, an dat stellen ons Kolleegen duer a mir fänken un mat dem Impakt vum Alter op d'Hospitalisatiounen.
Gérard, wëlls du dat ...
Jo, also, d'Fro war natierlech ... Mir woussten datt déi iwwer 50-Järeg déi schwéierste Komplikatioune maachen als Altersgrupp gesinn.
D'F... | |
soen, an der nämmlechter Liga wéi bei de Vaccinen.
Sou, dann hu mer nach e puer aner Remark, wou mer gesinn, dass aner Mesuren och méiglech sinn, déi villäicht nach net ganz ausgeschöpft sinn.
An dat ass - ech hunn et virdru scho gesot - dat ass déi Necessitéit fir säin Impfstatus offen ze leen.
De "Secteur de soins".
... | |
an da muss och dee Residant, dee "par force" net wëll geimpft ginn an deem seng Famill missten dat da gemeinsam och och ënnerschreiwen, dass se doriwwer informéiert sinn an dann ass et net nëmme méi d'Responsabilitéit vun de "Maisons de soins", mee dann ass et d'Responsabilitéit vun de "Maisons de soins", dem Residant ... | |
An dofir mengen ech a vu dass dat awer - mir hunn et schonn e puer Mol gesot - bei 30.000 Leit sinn der ganz sécher ganz vill dobäi mat deenen heite chronesche Krankheeten an trotzdeem sinn se net geimpft an ech mengen dat läit einfach dorun, oder mir kënnen dat verbesseren an deem mer d'Dokteren do weider driwwer opkl... | |
deen ons erlaabt fir déi "Mesures nonpharmacologiques" wierklech vun engem Dag op deen aneren z'aktivéieren, ouni dass mer mussen all Kéiers duerch e ganze Prozess goen, dee wochelaang an Usproch hëlt.
Mir brauchen also e Kader wou ee ka soen: "ok, Muer ginn erëm am ëffentlechen Transport Maske gedroen."
Mee da kënne m... | |
Sot wannechgelift och ëmmer wien et ass deen d'Fro stellt.
Moien, Christophe Bumb vu Reporter.lu.
Eng Fro - villäicht eng banal Fro - wat recommandéiert Dir eigentlech elo genau? Wann een dat vergläicht mat Ärem leschten Avis, do stoung ganz kloer dran, fir wéi eng Form vun Impfflicht Dir Iech ausschwätzt.
Wann een d'F... | |
kënnt Dir nach eng Kéier erklären wourunner dat louch, firwat dat lo awer méi laang gedauert huet?
Merci.
Ech ka villäicht kuerz schonn e Mol op déi éischt äntweren. Bon, effektiv et ware vill Simulatiounen, vill Hypotheesen an ... Mee bon, global gesinn, si mer jo awer och dofir preparéiert ze si fir de "Worst-Case-Sc... | |
Voilà.
Also ech mengen, mir hunn onsen Avis eigentlech esou verstanen, dass mer der Regierung dee "Landscape" an deem se sech beweegt, erkläert hunn. Déi verschidde Facteuren, déi fir eng Impfflicht oder géint eng Impfflicht, alles dat wat eng Impfflicht beaflosse kann, wat den Effekt ass, dee mer hunn an dann doriwwer... | |
dee virbereet sinn oder iwwerléisst se dat dem individuelle Choix.
An ech menge wat fir ons wichteg ass an ech mengen mir als Wëssenschaftler kucken natierlech genau wat sinn déi Facteuren, déi an déi eng oder an déi aner Richtung ginn an doriwwer eraus gëtt et natierlech och politesch Iwwerleeungen an ech mengen déi p... | |
awer kloer beschriwwen a mir hunn awer och empiresch eben duergeluecht datt et een Impakt ënnert verschiddenen Konditiounen natierlech huet.
Just nach dozou: den Timing ass jo kruzial an deene ganzen Iwwerleeungen. An Ärem éischten Avis hutt Dir geschriwwen, "sans délai" oder "dans les meilleurs délais" soll eng Impffl... | |
dann ass et d'Prioritéit, datt déi geimpft ginn, déi net geimpft sinn, vun deenen iwwer 50.
Dat ass Nummer 1. Dat ass dat wat am séiersten ze passéieren huet.
Dat sinn déi, déi als 1. z'invitéiere sinn, zesummen nach mat deenen, déi keng 3. Dosis kritt hunn. Mee déi Vulnerabel, déi den héchste Risiko hunn, si wierklec... | |
maachen déi iwwer 50-Järeg 97,7% vun de Stierffäll aus.
Änlech Chiffere fanne mer, wa mer d'Intensivstatioun ginn.
Och do ass eng ganz staark Iwwerrepresentatioun vun deenen iwwer 50-Järegen, och bei Omicron.
An dat ass natierlech eng wichteg Informatioun. Well dat heescht datt déi iwwer 50-Järeg, déi hunn de gréisste ... | |
Gesondheetssecteur.
Awer: e klasseschen Impfschema - dat sinn 3 Dosissen - do ass een Deel vun der Immunitéit, deen ass jorelaang an natierlech wësse mir net - ech soen et ass eng Flicht preparéiert ze sinn vum "Aspect social, sanitaire" fir eng Well, déi méi uerg gëtt.
Natierlech wësse mir net ob dat elo am September ... | |
geimpft sinn an zu där vulnerabeler Altersgrupp gehéieren, dat ass d'Prioritéit an dat mécht elo Sënn. Dat mécht an 2 Méint Sënn. Dat mécht souwisou Sënn.
Just nach d'Nofro, well ech virdru gefrot hat firwat et déi Verzögerung gouf am Avis ...
Jo, also am Prinzip Här Bumb, wat Dir uspriecht, dat sinn eis Aarbechtsbedi... | |
schwätzen, déi ech mir fräigehalen hunn heiansdo prophylaktesch, heiansdo datt ech se gebraucht hunn.
Dat heescht deen 1. Punkt ass: mir sinn net fräigestallt, ech schwätzen objiddefall fir eis 3, déi Doktere sinn, déi Experte sinn, wann et ëm d'Behandlung vun Infektiounskrankheeten geet. Dat ass deen 1. Punkt.
Deen 2... | |
vun der akademescher Aarbecht ëmmer nach ass.
Dat ass fir mech vollkommen inakzeptabel.
Ech hunn dat Spill matgemaach well et am "Intérêt général" ass. Alles wat ech zanter 2 Joer maachen ass am "Intérêt général", ass bénévol.
Mee wann et elo ëm dëse Rapport geet a wann een dat an d'Verhältnis setzt, wéi Rapporte vun ä... | |
Modeliséierungen hu mir och gewaart fir dee Rapport ze schreiwen.
Ech wëll spezifesch nach dorobber opbauend soen: et war esou, datt mir eng ganz Rëtsch vun Donnéeën natierlech gebraucht hunn, well mir musse jo awer hei en objektiven Avis ofleeën a mir hunn eis jo och déi Donnéeë missen detailléiert ukucken a fir un d... | |
am Avis sinn, sinn net déi eenzeg déi mir natierlech gemaach hunn. Dat heescht et ass awer trotzdeem eng grouss Aarbecht, déi dohannert stoung.
Déi Zäit gebraucht huet.
An den Dr. Schockmel huet dat ugeschwat: natierlech, mir hu jo aner Beruffer nach zousätzlech.
Jo, also ech menge wat Dir Iech kënnt virstellen, dat as... | |
eben dat och niewelaanscht maachen, da kënnt Dir Iech virstellen, dass dat méi laang dauert wéi villäicht jiddweree gehofft huet.
Ech wëll nach just op de Punkt vun den Etüden iwwert d'Transmissioun zeréckkommen, well dat ass wichteg, well dat betrëfft d'"Obligation vaccinale" vum Fleegepersonal.
Do gëtt et keng Lëtzeb... | |
virun Nationalfeierdag souzesoe fäerdeg.
Mir hunn e puer Korrekture gemaach. Mee Stand vun haut ass amfong geholl d'Versioun vu just virun Nationalfeierdag.
Ok, hu mir nach aner Froen?
Peter Feist vum Lëtzebuerger Land. Et ass scho vill beäntwert gi vun deem wat ech eigentlech nach am Kapp hat. Merci.
Wat mir nach opge... | |
een Ausbléck ze kréien wéi, wann een sou wëll, warscheinlech et dann ass, datt e Fall optrëtt deen Dir Delta nennt an Ärem Zenario, well mer jo iergendwéi an der Evolutiounsbiologie sinn an sech jo d'Fro ka stellen, wéi een Selektiounsvirdeel e Virus dann hätt, wann en d'Leit nees méi krank géif maachen, wéi Omicron.
... | |
eigentlech eng Grondsazdebatt. Et gëtt déi, déi soen: elo gëtt de Coronavirus ëmmer nëmme méi sympathesch, dat bleift elo wéi et ass mat den Omicron-Varianten an de Subvarianten a Subvarianten a mir kënnen elo getrouscht eise Kapp a Rou leen a brauchen dann och keng Mesuren ze treffe fir eng schlëmm Well virzebereeden.... | |
-29 Joer un, geet eigentlech et an d'Luucht, mat dem Prozentsaz vun deenen, déi geimpft sinn.
An da si mer bei ongeféier 80% am Schnëtt bei deenen iwwer 50, woubäi ab 75-Joer, geet et nach eng Kéier e bëssen an d'Luucht.
Dat heescht 80% - do feelen am Schnëtt 20% a wat mer unhand vun deene Chifferen, déi mer kritt hunn... | |
erëm op Är Fro zeréck - datt mir nach eng Kéier eng Well wéi Delta kréien?
Also eng Saach ass richteg: dat heescht, wa verschidde Varianten zirkuléieren, ass ëmmer déi Variant am Virdeel, déi am iwwerdrobarsten ass. Well éier déi aner Varianten accrochéiere kommen, huet déi dote Variant sech schonn ausgebreet an all Pe... | |
geet, d'Impfstoffer nach ëmmer ganz effikass sinn.
Dat heescht, wa mir elo kucke fir méi iwwerdrobar ze sinn, an dem Drock z'entgoen, bzw. der Noutwendegkeet fir genetesch enger gewëssener Immunitéit z'entgoen, da si mer bei enger Protein. Dat ass de Spike-Protein.
Dat ass haaptsächlech um Niveau vum Spike-Protein, op ... | |
de Virus huet e ganze Set vun Proteinnen an do sinn der ganz vill dobäi, déi e groussen Afloss op d'Virulenz hunn.
Dat heescht, fir sou eng Delta-Well ze produzéieren, muss de Virus eigentlech 2 Konditiounen erfëllen. Éischtens, wat säi Spike-Protein ubelaangt, muss en ganz liicht iwwerdrobar sinn a gewëssen Mutatioune... | |
Nee.
Ech denken ... Ech si jo gläich fäerdeg. Ech denken, et ass awer eng extrem wichteg Fro. Et ass eng prinzipiell Fro.
Ech soen och mäi Saz nach fäerdeg, iwwregens.
Woubäi ech elo Schwieregkeeten hunn. Ech wier scho fäerdeg, wann ech elo net ënnerbrach gi wier.
Mee et ass natierlech esou, datt een et net drop ukomme... | |
hei ass, zousätzlech zu deem wat den Dokter Schockmel do schonn erkläert huet, ass eben, datt de Virus säit Ufank datt mer wëssen, datt en amfong geholl deen "Trade off", deen existéiert tëschent Virulenz an Transmissibilitéit, datt en deen amfong geholl aushiewelt zu engem gewëssene Sënn. Mir hunn eng immens laang Ink... | |
Facteur ass, deen een a Consideratioun muss zéien.
Dat heescht wann elo am Hierscht en adaptéierte Vaccin do wier, deen erëm eng Kéier vill méi effektiv am Bezuch och op Omicron ass, dann ass et esou, dat een awer trotzdeem en Delta-like-Zenario ganz sécher kéint hunn.
Ech mengen et ass opjiddefalls wichteg fir et an ... | |
Mir musse kucken: et ass e neie Virus. Mir hunn no an no bäigeléiert.
Virdrun hu mir geléiert, et kritt een dat nëmmen eng Kéier an duerno ass een immun. Dat ass net wouer. Et kann een e puer Mol kréien.
An dann hu mer gekuckt, déi Leit, déi geimpft sinn, déi kënnen de Virus och nach e Mol kréien. Dat hu mir alles mat ... | |
wierklech e Schutz géint de B4 an de B5 ass.
Awer déi sinn amgaang dat ze produzéieren a mir hunn geschwënn een Treffen iwwert de neie Vaccin.
Awer dee kréie mir net viru September, denken ech.
D'Informatioun oder den Impfstoff?
Den Impfstoff.
Dat wier scho gutt, wann ...
Wéi vill mir kréien, datt wësse mir och nach ne... | |
an et gëtt un sech kee Grond, dass se manner gutt geimpft wieren, wéi déi aner Leit an deene Länner aus deenen se kommen an da si mir net esou wäit ewech vun deem wat mir hei hunn.
Wa mir bei eisen Infirmièrë gekuckt hunn, déi Grenzgänger sinn, an probéieren een "Taux de vaccination" erauszefannen, da sinn déi ongeféie... | |
wat passéiert ass schonn am leschte Wanter.
Wat mir elo net spezifesch presentéiert hunn, dat sinn déi, déi am Secteur ausserhalb vun den Residenzen, Altersheemer, Fleegeheemer - ech denken z.B. un d'ambulant Fleeg Doheem, dat hu mir net ausgeféiert.
Dat do war eng Bemierkung bezunn op d'Erfarung am CHL. Dat heescht an... | |
Altersheimer an esou.
Interessant fir Iech ass do déi lescht Kolonn - 3 Dosen.
Do gesitt der d'Pensionnairen. Wat do den Taux ass. 94,4% an da gesitt der d'Personal, déi do schaffen.
A wat natierlech hei opfälleg ass, dat ass e ganz groussen Ënnerscheed tëschent de Residanten, déi an deenen Haiser schaffen, an de Fron... | |
Bon, ech soen Iech gudde Moien an ech si frou, dass esou e groussen Interêt un deem ass, wat mir elo ausgeschafft hunn.
Den Avis.
Wou jo och scho méi laang drop gewaart gëtt.
Mir si 6 Méint no deem 1. Avis. Dat hei ass een "Avis complémentaire" an deen huet d'Regierung an Optrag ginn, well se der Meenung war, dass sech... | |
dat ass richteg. | |
en soins intensifs", mee dat ass d'"Décès". Et deet mer Leed, deen ass ganz zum Schluss nach do eragerutscht. Dat heescht dee lénken Deel vun der Dia betrëfft d'"Efficacité vaccinale" géint d'Hospitalisatiounen op Intensivstatioun an dee rietsen Deel, dee betrëfft d'"Efficacité vaccinale" géint Stierffäll bei iwwer 50-... | |
well effektiv ass d'Famille, huet am Moment d'Tutelle, wann et natierlech ëm d'Santé geet, ass de Santésministère resp. d'"Direction de la santé", extrem gefuerdert an een deen awer ganz vergiess gëtt, och am Rapport, dat ass d'"Assurance dépendance", d.h. d'"Sécurité sociale", well d'Haiser, déi finanzéieren sech jus... | |
et ass net meng Iwwerzeegung, dass dat doten de Wee ass.
Ech mengen dass mer nach méi polariséieren, nach méi Angscht maachen an dass mer "au contraire" am Moment op engem gudde Wee si fir d'Leit mat a Richtung Impfung ze kommen.
Mir sollen deem eng Chance ginn.
Just... Ech kann Iech eng Kéier weisen, hei den Tableau a... | |
Strukturen de Suivi ze maachen wat d'Immunitéit betrëfft.
Dat gëtt flächendeckend gekuckt.
Do maache mer vill méi en enke Suivi z.B. wéi an der normaler Bevëlkerung.
Alles dat sinn un sech Elementer vun där Strategie, déi mer do fueren.
Okay. Meng nächst Fro fir d'Madamme Cahen: Dir hutt... also wat am Waringo-Rapport ... | |
Strukturen de Suivi ze maachen wat d'Immunitéit betrëfft.
Dat gëtt flächendeckend gekuckt.
Do maache mer vill méi en enke Suivi z.B. wéi an der normaler Bevëlkerung.
Alles dat sinn un sech Elementer vun där Strategie, déi mer do fueren.
Okay. Meng nächst Fro fir d'Madamme Cahen: Dir hutt... also wat am Waringo-Rapport ... | |
contact" war, esou, dass se a Quarantän musse goen, d.h. et ass een an enger totaler Ausnamesituatioun, well et muss ee kucken, dass een d'Personal anstänneg opgedeelt kritt fir dass ëmmer genuch Leit do si fir d'Bewunner ze versuergen.
Et muss ee kucken, dass een d'Bewunner versuergt kritt.
Déi eng si krank, mat Sympt... | |
huet den Här Marcel Bausch, den an der Kommissioun Waringo war, dat och nach eng Kéier gesot am Plenum vun der Chamber, wou se an den "Toutes commissions" waren, dass dat am Fong, dass si dat am Fong ënnerstëtzen, dass mir dat net kommunizéiert hunn.
Wéi gesot, ech sinn och éischter eent , ech kommen aus der Press, ech... | |
wou elo e Cluster ass.
Dat hu mir am Fong net aktiv gemaach effektiv.
Dir hutt vis-à-vis vum Wort eben, dat gouf jo och haut de Mëtten an der Chamber eng Kéier zitéiert, gesot et wäre 5 Leit gestuerwen.
Et waren der zu dem Zäitpunkt scho 15.
An... Am Lauterbann selwer.
War Dir do nach net iwwer déi nei Doudesfäll infor... | |
Dat heescht, ech hunn do ni wëllen iergendeppes verstoppen.
Ech muss dat genau nach eng kéier historesch nokucken, mä ech hunn dat och net immens wichteg fonnt.
Mä et ass eben, well hien doe grousse Cas draus gemaach huet.
Mä ech mengen net, also, ganz bewosst hunn ech ganz sécher net eng Informatioun virenthalen, ganz... | |
huet, mengen ech, dat kënne se och net ausschléissen.
Dat schéngt mir logesch, wa se soen "et ass net novollzéibar wéi et duerno weidergaangen ass".
Dann ass dat do sécherlech och...
Do ware vill Leit dee Moment do.
Dat ka beim iesse sinn, dat kann do sinn, et ka soss sinn.
Et schéngt mir an ech hunn et esou verstanen ... | |
auszeschléissen, ech ginn dovunner aus, dass dat d'Erklärung ass, mä ech wäert dat och nach ...
Ech hat nach leider keng Geleeënheet, mech wierklech a Rou mat menge Leit zesummen ze setzen, well mir jo och matten am COVID-Gesetz jo och sinn am Moment.
Dir wësst jo den Avis vum Staatsrot ass och komm.
D'Situatioun mat N... | |
wéi war do d'Risikoaschätzung a wat fir eng Mesurë goufe geholl fir dat dann eben ze vermeiden?
A letzlech och villäicht wat fir eng Léier dass en doraus zitt, dass dat esou an dem Rahmen och zu Doudesfäll gefouert huet schlussendlech?
An en zweeten Aspekt, méi generell, den Här Wolter huet de Mëtten, déi Impfcampagne ... | |
behaalt Dir vun där Debatt de Mëtteg zeréck?
Ech hunn net méi Stellung geholl, well 1. e Mol hunn ech lauter Proposë gemaach an et ass keen dorop agaangen, 2. huet en Deputéierte vun der Oppositioun eis gesot, dass gëschter Mëtteg, wou se de Rapport jo dann nach net gelies haten, sech schonn zesummegesat hunn fir meng ... | |
wéi war do d'Risikoaschätzung a wat fir eng Mesurë goufe geholl fir dat dann eben ze vermeiden?
A letzlech och villäicht wat fir eng Léier dass en doraus zitt, dass dat esou an dem Rahmen och zu Doudesfäll gefouert huet schlussendlech?
An en zweeten Aspekt, méi generell, den Här Wolter huet de Mëtten, déi Impfcampagne ... | |
déi an der Belsch geholl gi sinn, do sinn ech net sécher, dass mir déi zu dem Zäitpunkt duerchkritt hätten.
Do hätte mir, mengen ech, keng, net den Appui fonnt, fir déi esou schnell an esou radikal duerchzesetzen, mä dat sief nach dohinner gestallt.
Dat ass e Fakt. Wann een zeréckkuckt, da gesäit een déi éischt sinn ne... | |
wou zu dem Zäitpunkt, dat ass iwwer de Summer ganz kloer gewiescht, wou mir dee presentéiert hunn, dass mir do e ganz staarke Fokus haten, fir ebe wa Clustere kommen, eben direkt aktiv ze ginn.
Dir erënnert Iech, dat war den Achs mat den Equipe mobillen.
Am Ufank vum Large Scale Testing si mir einfach generell an d'Bev... | |
a strategesch war et effektiv d'Teststrategie déi do ugewannt ginn ass mat enger ganz grousser Flexibilitéit fir anzegräifen wann et huet misse sinn.
A méi Moyenen hate mir zu dem Zäitpunkt net.
Mir hate keng Impfung an och net déi Schnelltester, wéi mir se haut kennen.
Just fir d'Fro ze äntweren.
Also mir hunn d'Alter... | |
an enger Cafeteria oder esou...
Wann dann nach méi Infektioune waren, da war een op der Stuf 3.
Dat huet geheescht, dass et a Lieu dédiéë war, mä mat nach aner Contrainten.
Zum Beispill dass een e Rendezvous huet missen huelen.
An d'Stuf 4 dat war, wann ee guer net huet dierfen op Besuch goen, ausser fir d'Fin de vie.
... | |
Dir hat eng 2. Fro.
Genau, voilà, zu der Impfstrategie ...
Jo, déi ass haut ganz uerg an d'Kritik geholl ginn.
Ech géif et wierklech nach gären eng Kéier widderhuelen.
Mir hunn eng Prioriséierung gemaach zu engem Zäitpunkt wou net vill Impfstoff do war.
An do war bei deenen Eeleren... Also mir haten... Den Haaptfokus w... | |
de Rapport, ech mengen et ass falsch verstane ginn.
Eis Richtlinn war ëmmer, och bei der statutarescher Approche, dass et déi Leit sinn, déi am Kontakt sinn.
Dat si jo vill Diskussioune ginn.
Et waren net viséiert. Mir hu Lëschte gefrot vun de Leit.
Mir kënne jo net selwer... Mir hu jo net déi Donnéeë vun deene Leit dé... | |
op anerer, ewéi elo d'Gesondheetsberuffer déi am Kontakt sinn.
Dat sinn d'Coiffeuren, d'Botzpersonal a sou weider ... Déi hu ganz fréi schonn, direkt no der éischter Prioritéit, wou mir e bësse méi Impfstoff haten, hu mir déi Decisioun geholl um Niveau vun der Regierung an déi ass och esou ëmgesat ginn.
Et ass awer ric... | |
Patient.
Dat war de Sënn vum Cordon sanitär.
Et war ni éischt Prioritéit administratiivt Personal ze impfen.
Ganz kloer net!
A mir hunn, esou bal mir och méi Impfstoff haten, dat och ausgebaut.
An déi éischt Prioritéit, an zu der stinn ech och nach ëmmer, louch fir eis bei deene Leit déi an deenen Haiser wunnen.
Dat si... | |
an de Reegele fir d'Preventioun an d'Lutte géint d'Infektiounen.
Ech mengen do hu mer jo lo wierklech grouss Léiere gezunn aus der Pandemie, dass mer do wierklech musse vill méi professionell ons an den Haiser opsetzen.
Dann e Mediateur, dee mer wëllen aféiere fir dass d'Reklamatioune vum Terrain och kënnen traitéiert ... | |
an do dinn ech ganz kuerz eng aner Kap un als Parteipresidentin, wierklech erschreckt, well ech froe mech: wann op deem doten Toun matenee geschwat gëtt an op déi doten Aart a Weis Politik gemaach gëtt, da froen ech mech wierklech, wien an Zukunft nach, egal bei wéi enger Partei, Loscht huet Kandidat op enger Lëscht ze... | |
an de Fonctionnement wëlle preziséiere fir dass déi ethesch Froe kënnen gekläert ginn zu all Moment.
Dann hu mer am "Projet de loi" och d'Evaluatioun vun der Qualitéit virgesinn.
Dat ass och e Punkt am Rapport vum Här Waringo.
D'Haiser ... Mir wollte schonn Ugangs, am "Projet de loi" e Qualitéitsmanagementsystem.
Mee ... | |
Jo, schéine gudden Owend zu enger bësse méi ongewéinlecher Zäit fir eng Pressekonferenz.
Mir komme grad aus der Chamber.
Mir wollten am Fong d'Pressekonferenz éischter am Dag maachen, mee do koum den Avis vum Staatsrot iwwert d'Covid-Gesetz an sou wéi dat och presséiert, ass dunn d'Santéskommissioun mat der Gesondhee... | |
e ganz wichtegen Acteur ass an e ganz wichtege Partner fir ons alleguerten, well d'Haiser finanzéieren sech nun e Mol iwwert d'Assurance dépendance an iwwert de Pensiounspräis.
Voilà, ech kann do gären nach méi Prezisiounen dozou ginn, mee ech huelen, dass der d'Debatten haut an der Chamber all gelauschtert hutt.
Ech ... | |
an engem Altersheem.
Mir hunn fir eisen Deel dorausser eng ganz Rei Léiere mat op de Wee geholl.
Och Erklärunge ginn.
Et ass Villes villäicht net ëmmer esou verstane ginn, wéi et geduecht war.
Et gëtt vill geschwat vun engem engem Plang, ënner anerem fir d'Alters- a Fleegeheemer.
Mir hunn elo net e spezifeschen dediéi... | |
Dir hutt et gesot, Dir wëllt Léieren aus där Etüd zéien.
Wann een se elo genau liest, da sinn awer nach vill Punkten ongekläert oder Froen oppen, zemools déi Fro, ech mengen "Um Lauterbann" gouf méi an der Déift behandelt, mee, Dir hutt et selwer gesot, dass verschidde Clustere méi grouss waren.
Gëtt et do ... wäert et... | |
an Dir kritt och am Pressebriefing ëmmer Detailer, wou mer eben erausschielen aus eisen Aarbechten, wou d'Leit sech ustiechen, wat déi Haaptcause sinn.
Dir musst Iech dat esou virstellen: hei war elo natierlech de Fokus op engem Altersheem, mee déi Aarbecht, déi eis Leit maachen an der Inspection sanitaire, déi besteet... | |
Dat huet z.B. hei elo bei "Lauterbann" eis erlaabt, ... et ass hei och veranschaulecht ginn, well eben de Scheinwerfer drop gesat ginn ass, dass een erkenne kann, dass verschidde Souchen ënnerwee sinn asw.
Dat ass un sech eis technesch normal Aarbecht, déi mir maache ronderëm d'Clusteren an hu mer dann och d'Erklärunge... |
End of preview. Expand in Data Studio
README.md exists but content is empty.
- Downloads last month
- 96